
Wat ass Breathe?
Breathe ass Self-Care fir deng mental Gesondheet a vereenegt Techniken aus verschiddenen Beräicher wéi der Psychologie, dem Yoga an der Neurowëssenschaft.. Dëst kann zum Beispill Achtsamkeet an Otemübunge wéi och Erkennen a Verännere vu Verhalensmuster sinn. Fir mech ass eng ganzheetlech Approche, wou all d'Liewensberäicher vum Eenzelnen gekuckt ginn, wichteg fir Verännerungen z'erméiglechen a méi resilient ze ginn. Dës Liewensberäicher bezéien sech zum Beispill op de Schlof, d'Ernärung, d'Beweegung, d'Routinne an d'Relatiounen. Den Inhalt vun de Consultatioune gëtt dobäi un d'Besoins vum Eenzelen ugepasst.

Fir ween ass Breathe?
Breathe ass fir Jiddereen deen sech eppes Guddes doe wëll. Sief et, wëll een sech Zäit fir sech huele wëll oder grad an enger schwiereger Situatioun ass. Déi ganzheetlech Approche kann zum Beispill bei Stress, Schlofstéierungen, Ängschten a Verstëmmungen hëllefen.

Ween stëcht hannert Breathe?
Sarah Dell'Aera
Mäin Numm ass Sarah an ech si Psychologin a Yoga Teacher. Meng Passioun ass d'Stäerkung vun der mentaler Gesondheet an alles wat engem dobäi hëlleft sech wuelzefillen. Ech sinn iwwerzeegt, dass eng staark Psyche dobäi hëllefe kann, besser mat schwierege Situatiounen ëmzegoen an sech allgemeng gutt ze spieren.
Mäin Studium an der Psychologie hunn ech zu Köln a Berlin gemaach. De Yoga ass an dëser Zäit ëmmer méi wichteg fir mech ginn, sou dass ech 2019 du mäin éischte Yoga Teacher Training gemaach hunn. Vue dass mech besonnesch d'Anatomie an d'Kierperhaltung interesséiert, koumen iwwert déi lescht Joren nach Trainingen dobäi. Virun allem d'Neurowëssenschaft mam Schwéierpunkt op d'Nervesystem ass e Beräich, deen ech fir wichteg empfannen an an deem ech mech weiderbilden. Soumat bidden ech eng Kombinatioun aus all de verschiddene Beräicher un.